(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Benotzer Diskussioun:Xavierschmit~lbwiki – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Xavierschmit~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Pecalux 07:31, 18 Mee 2007 (UTC)

Interwiki-Linken

[Quelltext änneren]

Moie Xavierschmit.

Ech hun däi Link am Artikel Éiter op déi däitsch Wikipedia elo fir d'zweet ewechgeholl. Dat ass net fir dech ze schikanéieren mee huet e ganz plausible Grond: Wann's du den Artikel Éiter opméchs, da geseis du um lénkse Bord eng Këscht mat dem Titel Aner Sproochen. An dëser Këscht stinn déi auslännesch Wiki-Linken. Dofir brauchen se net méi am Textkierper ze stoen. Fir all weider Fro (w.e.gl. op menger Diskussiounssäit User talk:Pecalux) stinn ech gäer zur Verfügung. --Pecalux 15:05, 18 Mee 2007 (UTC)

Salut Xavierschmit. Am Zesummenhank mat den Interwiki-Linke frees du: "muss een dat éieren och selwer maachen oder kënnt dat vum selwen dohi stoën? ". Jo, dat muss ee selwer maachen. Wéi et gemeet gëtt geseis de zum Beispill am Artikel Éiter. Wann's de do op d'Änneren-Säit gees, da geseis de an der Editor-Fënster, wann's de se ganz no ënne scrolls, déi dräi Linken op déi däitsch, englesch a polnesch Wiki'en. An der anerer Richtung ass dat net nëmme méiglech, mee och néideg. Wann's de an der däitscher Wiki den Artikel Oetrange opméchs, da misst do och den Interwiki-Link op d'lëtzebuergesch Wiki (lb:Éiter) agedroe sinn.

Bei Artikelen déi et praktesch an all Sprooche gëtt wier dat e ganze Koup Aarbecht fir d'Linken all vun Hand ze setzen. Dofir hu schlau Käpp e Bot (dat ass en automateschen Programm dee praktesch fonktionnéiert wéi e Roboter) geschriwwe fir all déi Interwiki-Linken erauszesichen an anzedroen. Meeschtens geet et duer fir däin Artikel mat den Englänner ze verlinken, de Bot mécht dann de Rescht. --Pecalux 15:39, 22 Mee 2007 (UTC)

Ken an Cen

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg. "wéi eise Buergermeeschter, de Schmitze Jim, d'lescht Joër ausser sech vu Freed wor, wéi ë verkënnegt huet, dass ët elo offiziell wier, dass ee Conter mat "C" schreift". Da kanns de ärem Buergermeeschter soen, datt dat iwwerhaapt net offiziell ass. Aus engem einfache Grond: Mär hunn zwar eng offiziell Schreifweis, mee keng offiziell Schreifweis fir d'lëtzebuergesch Uertschaftsnimm. Den Zikus mat Klierf, Konter, Kolmer-Bierg dauert scho Joren; dee mat Woltz a Wolz och. De Josy Braun huet vun der 12. op déi 13. Oplo vu sengem Bichelchen der e puer vum K op den C geréckelt, ouni z'erklären, firwat. Do wäerten nach e puer Buergermeeschteren an de Ridoe gespronge sinn. Mee, mat "offiziell" ass nix. Fro mol de Buergermeeschter, wien dat d'lescht Joer dann "decidéiert" huet. Mech intresséiert dat och. So mer w.e.g Bescheed. --Cornischong 10:02, 22 Mee 2007 (UTC)

Fir de Päiperlek

[Quelltext änneren]

... kuckt hei,--Zinneke 19:18, 5. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt

[Quelltext änneren]

03:15, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt

[Quelltext änneren]

09:25, 19. Abr. 2015 (UTC)