(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Maria Jacoby – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Maria Jacoby

Vu Wikipedia
Maria Jacoby
Gebuertsnumm Maria Anna Kasteleiner
Gebuer 15. Februar 1900
Eddersheim
Gestuerwen 22. Januar 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1936
Famill
Bestuet mat Jean Jacoby

D'Maria Jacoby oder Marie Jacoby, och als Mia Jacoby bekannt, gebuer de 15. Februar 1900 als Maria Anna Kasteleiner zu Eddersheim um Main a gestuerwen den 22. Januar 1990 zu Rocky River (Ohio)[1], war eng däitsch, dunn duerch Bestietnes lëtzebuergesch Molerin an Olympionickin.[2]

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden[3], wou s'an der Disziplin „Mixed painting“ mat hirem Wierk „Meedche beim Bommstoussen“ matgemaach huet[4].

Si war déi zweet Fra vum Jean Jacoby. Nom Doud vum Jean huet si sech mat engem Amerikaner bestuet an ass mat him, als Mia Lamkin, an d'USA emigréiert.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Maria Anna Kasteleiner um Site gedbas.genealogy.net
  2. D'Maria Jacoby op der Websäit vu sports-reference.com
  3. D'Marie Jacoby op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 50-51. ISBN 978-2-9599734-5-1
  5. Adolphe Deville in Jean Jacoby. 1967.