(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Yunnan – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Yunnan

Vu Wikipedia
Yunnan bannent China

De Yúnnán (chineesesch: うんみなみ oder 雲南うんなん, "Südlech vun de Wolleken") ass eng Provënz am Südweste vun der Volleksrepublik China. Mat 394.100 Quadratkilometer ass se ongeféier sou grouss wéi Däitschland an Holland zesummen.

De Yunnan huet eng grouss Varietéit vu Biotopen: vu schnéibedeckte Bierger bis zu Däller mat tropescher, respektiv subtropescher Vegetatioun ass alles vertrueden. Am Yunnan liewen déi lescht 250 Elefanten aus China a fräier Natur.

Duerch de Yunnan lafen ë. a.:

  • De Jangtsekiang (chin.: 长江 Cháng Jiāng), dee gréisste Floss vu China;
  • De Mekong (chin.: 澜沧こう Láncāng Jiāng), deen duerch Laos, Kambodja a Vietnam leeft;
  • De Roude Floss (chin.: もとこう Yuán Jiāng), deen duerch den Norde vu Vietnam leeft;
  • De Saluen (chin.: いかこう Nù Jiāng), dee bis a Myanmar (Birma) leeft a vun do an d'Andamanmier.

De Yunnan grenzt un déi Autonom Territoiren Tibet a Guangxi an un d'Provënzen Sichuan a Guizhou. Weiderhi grenzt et un d'Staat Vietnam, Laos a Myanmar (Birma).

De Yunnan ass déi Provënz a China mat der héchster ethnescher Diversitéit. Eng 38 % vun der Bevëlkerung gehéieren zu ethnesche Minoritéiten, dorënner de Yi, de Bai, den Hani, den Dai, de Miao, de Lisu, den Hui, de Lahu, de Va, den Naxi, de Mosuo, de Yao, den Tibeter, de Jingpo, de Blang, de Primi, den Nu, den Achang, de Jino, de Mongolen, den Derung, de Mandschu, de Sui an de Bouyei.

Administrativ Struktur

[änneren | Quelltext änneren]

De Yunnan besteet aus aacht bezierksfräie Stied an aacht Autonome Bezierker:

  • Stad Kunming (こんあきら);
  • Stad Qujing (きょくやすし);
  • Stad Yuxi (たまけい);
  • Stad Baoshan (やま);
  • Stad Zhaotong (あきらとおり);
  • Stad Lijiang (丽江);
  • Stad Pu'er (ひろし洱市);
  • Stad Lincang (临沧);
  • Autonome Bezierk Wenshan vun den Zhuang an de Miao (ぶんやまたけしぞくなえぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Honghe vun den Hani an de Yi (红河哈尼ぞくつねぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Xishuangbanna vun den Dai (西にしそうばん纳傣ぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Chuxiong vun de Yi (すわえゆうつねぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Dali vun de Bai (だいしろぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Dehong vun den Dai an de Jingpo (とくひろし傣族けい颇族自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Nujiang vun de Lisu (いかこう傈傈ぞく自治じちしゅう);
  • Autonome Bezierk Dêqên vun den Tibeter (すすむ庆藏ぞく自治じちしゅう).

Den Téi ass eent vun de bekanntste Produkter aus der Provënz. Zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert gëtt do och Kaffi ugebaut.

Touristesch Stied am Yunnan sinn Dali, d'Naxi-Stad Lijiang, Shangri-La, Shilin a Jinghong zu Xishuangbanna.

D'Alstad vu Lijiang (13. Jh.) ass zanter 1997 en UNESCO-Kultur-Weltierwen. Och de "Stenge Bësch" bei Shilin, 120 Kilometer südëstlech vu Kunming, steet op där Lëscht. Dat si Karstformatiounen am Kalleksteen, déi wéi Tierm bis zu 30 Meter héich an d'Luucht stinn.

Commons: Yunnan – Biller, Videoen oder Audiodateien