Du weess bestëmmt, dass bei de Chamberwahlen d’Chamber gewielt gëtt, also dat nationaalt Parlament zu Lëtzebuerg. Mee wat wiele mir eigentlech bei de Gemengewahlen?
Bei de Gemengewahle gëtt de Gemengerot gewielt. Deen ass vergläichbar mat engem klenge
Parlament. D’Membere vum Gemengerot gi Gemengeconseillere genannt. Wéi vill där Conseilleren et gëtt, hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of. An der Gemeng Wal zum Beispill sinn et der 7.
An der Stad Lëtzebuerg dogéint ganzer 27. Wat méi Leit an der Gemeng wunnen, wat de Gemengerot also och méi grouss ass. De Gemengerot gëtt all 6 Joer direkt vun den Awunner aus der Gemeng gewielt. De Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch an d’Schäffen, déi d’Gemeng leeden, ginn net direkt gewielt. Si ginn ënnert de gewielte Gemengeréit ausgewielt an da vum Inneminister oder vun der Inneministesch vereedegt. D’Gemengeconseillere dogéint gi vum Buergermeeschter vereedegt.
Nieft dem Gemengerot gëtt et nach de Schäfferot. De Schäfferot ass quasi wéi déi lokal Regierung. Dëse besteet aus der Buergermeeschtesch oder dem Buergermeeschter a mindestens 2 Schäffen. De Schäfferot bereet d’Sëtzunge vum Gemengerot fir.
Dem Gemengerot seng Muecht ass per Gesetz begrenzt. Dat heescht, dass en nëmmen dat decidéieren dierf, wat d’Gesetz erlaabt. Vu dass d’Gesetzer an der Chamber gestëmmt ginn, kann d’Chamber also och entscheeden, wat de Gemengerot decidéieren dierf a wat net.
Mee wat mécht de Gemengerot dann elo an der Praxis? De Gemengerot këmmert sech zum Beispill ëm d’Astelle vu Gemengebeamten. Och muss de Gemengerot de Budget vun der Gemeng akzeptéieren, dee festleet, woufir d’Sue vun der Gemeng ausgi ginn. Eng aner wichteg Aufgab ass d’Ausschaffe vum Bebauungsplang, och plan d’aménagement général, ofgekierzt PAG genannt. Dora ginn d’Regele festgeluecht, wou a wéi an der Gemeng dierf gebaut ginn. Eng Decisioun am Gemengerot kann nëmme geholl ginn, wann d’Majoritéit, also méi wéi d’Hallschent vun de Membere, präsent ass.
Normalerweis sinn d’Sëtzunge vum Gemengerot ëffentlech. Wann s du also méi genau wëlls wëssen, wat de Gemengerot bei dir an der Gemeng esou mécht, da kanns du dir jo mol eng Sëtzung ukucken. A verschiddene Gemenge kann een se och online kucken, wéi z.B. um Site vun der Gemeng Lëtzebuerg.
Dëst ass eng Zesummenarbescht vum Zentrum fir politesch Bildung a Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA
Podcast: Play in new window | Download
Subscribe: Google Podcasts | RSS