Himmelspol
Als Himmelspole ginn d'Ennpunkte vun der Äerdachs duerch d'Himmelskugel bezeechent. Den Himmelsnordpol ass dee Punkt no beim Polarstär (
Den Himmelspol ass – op laang Zäitspann gesinn – net stabil. Dëst gëtt als Polwanderung bezeechent.
Equatoriale Koordinatesystem
ännerenOp der Himmelskugel, op där d'Astronomie d'equatorial Himmelskoordinaten, d'Rektaszensioun an d'Deklinatioun definéiert, leien d'Himmelspole genee iwwer dem geographeschen Nordpol (respektiv Südpol).
An den Himmelspole lafen d'Stonnekreesser zesummen. Och de Meridian vun enger Observatiounsplaz verleeft duerch d'Himmelspolen. Dem nërdlechen Himmelspol entsprécht eng Deklinatioun vu genee 90°, dem Südpol vu -90°.
Polwanderung
ännerenDuerch den Effet vun der Prezessioun wandert den Himmelspol am Laf vu 25.800 Joren (dem Zyklus vun der Prezessioun) ëm den Ekliptikpol (an der Mëtt vun de Biller). Dës Beweegung geschitt op engem Krees mat ongeféier 23° Polofstand, wat der " Ekliptikschréi" entsprécht. Viru ronn 5000 Joer war den Thuban (Haaptstär
Divers
ännerenAll Stäre beweege sech op hire visuellen deegleche Bunnen (Äerdrotatioun an 23:56:04 Stonnen) op enger Kreesbunn genee a Richtung vun engem Positiounswénkel vu 90°.
Fir d'Eechung vu Photometer huet ee réngs ëm de nërdlechen Himmelspol eng Grupp vu Fixstären definéiert, d'Polsequenz. Hir visuell Magnitude gouf genee gemooss an iwwerdeckt e Beräich vun der 4. bis zur 10. Gréissteklass.
De Positiounswénkel fir Richtungsangab tëscht Duebelstäre oder vu Beweegungsrichtunge bezitt sech op déi jeeweileg Richtung vum Stär zum nërdlechen Himmelspol.
Kuckt och
änneren- Himmelsequator
- Equinoxe (Fréijoers- an Hierschtpunkt)
Um Spaweck
änneren- Walter Fendt: Die Himmelspole Zesummenhang tëscht Observatiounsplaz, Zenit an Himmelpol (Java)