(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Max Hengel – Wikipedia

Max Hengel

lëtzebuergesche Politiker

De Max Hengel gebuer den 8. Mee 1977 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 17. August 2024[1][2] war e lëtzebuergesche Politiker. Hie war zanter de Gemengewale vum 11. Juni 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer an zanter Januar 2022 Ost-Deputéierte fir d'CSV an der Chamber.

Max Hengel
Gebuer 8. Mee 1977
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. August 2024
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

No senger Première am Lycée Robert Schuman am Joer 1996 huet de Max Hengel um Centre Universitaire Luxembourg an zu Stroossbuerg Droit studéiert. Hien huet dono awer d'Studierichtung gewiesselt an op der Universität Trier e Master a Politikwëssenschaften a Geschicht gemaach.

Gemengepolitik

änneren

De Max Hengel ass zanter November 2011 am Gemengerot vun der Gemeng Wuermer: Vun 2011 bis 2017 als Conseiller, vun 2017 bis November 2020 als Buergermeeschter, duerno als Schäffen[3] an zanter dem 3. Juli 2023 nees Buergermeeschter[4].

Wärend 6 Joer, vum 15. November 2011 bis de 15. November 2017, war de Max Hengel Conseiller am Wuermer Gemengerot.

An de Gemengewalen 2017 gouf hie mat 701 Stëmmen Éischtgewielten a senger Gemeng a war du vum 16. November 2017 bis de 4.November 2020 Buergermeeschter. Vun November 2020 bis Juni 2023 huet den zweet Gewielten, Mathis Ast, d'Plaz vum Buergermeeschter iwwerholl. Dëst war am Viraus zesumme festgehale ginn. Wärend dësen dräi Joer war de Max Hengel Schäffen.

Den 11. Juni 2023 gouf an der Gemeng Wuermer fir déi éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt. De Max Hengel gouf Éischtgewielte mat 1677 Stëmmen. Als Spëtzekandidat konnt hien zesumme mat senger Lëscht Är Equipe fir d'Wormer Gemeen mat 54,92 % d'Gemengewale gewannen[5].

Nationalpolitik

änneren

Am Joer 2018 ass de Max Hengel fir d'éischt Kéier mat an d'Nationalwale gaangen a konnt hei op der CSV – Ostlëscht mat 8222 Stëmmen op déi 4. Plaz kommen. Den 11. Januar 2022 ass hie fir d'Françoise Hetto-Gaasch an d'Chamber nogeréckelt[6].

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt[7].

An der Partei

änneren

De Max Hengel ass am Februar 1998 an d'CSV agetrueden. Vu Januar 2006 bis Januar 2022 war hie Mataarbechter an der CSV-Fraktioun an hat ënner anerem d'Plaz vum Secrétaire parlementaire adjoint a Coordinateur politique. Zanter Dezember 2018 ass hie President vun der CSV Osten a Member vum CSV Nationalcomité. Zënter dem 11. Januar 2022 ass hie Member an der CSV-Fraktioun.

Verschiddenes

änneren

Vu Juli 2011 bis Dezember 2018 war de Max Hengel President vun de BC Musel Pikes. Do dernieft war hie vu Mee 2018 bis Dezember 2021 Administrateur an der „Fondation des Hôpitaux Robert Schuman“

Um Spaweck

änneren
Commons: Max Hengel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "CSV-Deputéierte Max Hengel am Alter vu 47 Joer verstuerwen." rtl.lu, 17.08.2024.
  2. Doudesannonce vum Max Hengel am Luxemburger Wort vum 24./25. August 2024 op der Säit 42
  3. Fiche op cdh.lu.
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (03.07.2023). Gekuckt de(n) 03.07.2023.
  5. Är Equipe fir d'Wormer Gemeen
  6. "Trois nouveaus députés à la Chambre." Communiqué op chd.lu, 2022-01-11.
  7. (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.