Natalia Gavrilița
moldawesch Politikerin an Ekonomistin
D'Natalia Gavrilița, gebuer den 21. September 1977 zu Mălăiești an der deemoleger Sowjetunioun (haut Transnistrien), ass eng moldawesch Politikerin. Si war tëschent dem 23. Juli 2021 an dem 10. Februar 2023, dem Datum vun hirem Récktrëtt, Regierungschefin vu Moldawien.
Natalia Gavrilița | |
---|---|
Gebuertsnumm | Natalia Catrinescu |
Gebuer | 21. September 1977 |
Nationalitéit | Moldawien, Rumänien, UdSSR |
Educatioun | John F. Kennedy School of Government |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Jurist |
Si ass vu Formatioun eng Ekonomistin. An den 2000er Joren huet si a verschiddene Fonctioune bei der Weltbank, an am moldawesche Wirtschaftsministère geschafft. Vun 2009 bis 2013 war si Portfoliomanagerin bei Oxford Policy Management. Dono huet si am Educatiounsminitère geschafft, a war vun 2015 bis 2019 Finanzministesch.[1]
Um Spaweck
ännerenCommons: Natalia Gavrilița – Biller, Videoen oder Audiodateien |