(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Polizist – Wikipedia

Polizist

Member vun der Police

E Polizist (fir de Mann) oder eng Polizistin (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi fir e staatleche Sécherheetsdéngscht, d'Police, schafft sief et als Offizéier oder als Ënneroffizéier. Hir Haaptaufgab ass et, d'ëffentlech Uerdnung a Sécherheet ze garantéieren, Delikter ze verhënneren, opzeklären an ze verfollegen, an de Schutz vun de Bierger an hirem Eegentum sécherzestellen. Polizisten hunn d'Aufgab, an Noutfäll a bei Accidenter ze hëllefen, de Verkéier ze reegelen, an a Konfliktsituatiounen anzegräifen.

Lëtzebuerger Poliziste bei enger Kontroll um Boulevard Royal.
E Verkéierspolizist an der chineesescher Stad Xian.

D'Ausbildung zum Polizist geschitt fir d'Ënneroffizéieschcarrière an der Reegel iwwer eng Poliziste-Grondausbildung, déi an Europa jee no Land a Police tëscht zwee an dräi Joer dauert. Déi Ausbildung kombinéiert theoreteschen Unterrecht am Droit, der Kriminalistik, dem Verkéiersrecht, an de Sozialwëssenschafte mat prakteschen Übungen an der Selbstverdeedegung, dem Schéisstraining, Asaztechniken an der Éischter Hëllef. Nom erfollegräichem Ofschloss vun der Ausbildung fänken d'Polizisten hir Karriär meeschtens an der Policepatrull un.

Fir zu Lëtzebuerg vun der Police grand-ducale kënne rekrutéiert ze ginn, mussen d'Kandidaten e Staatsexamen ofleeën an zousätzlech Tester packen. D'Grondausbildung an der Policeschoul um Findel dauert zwee Joer.[1],[2]

Nieft der Policepatrull gëtt et nach aner Beräicher an der Police, dorënner de Verkéiersdéngscht, d'Police judiciaire, d'administrativ Police an d'Spezialeenheeten. D'Aarbechtsfeld vum Polizist ka ganz ënnerschiddlech sinn a geet vun der Presenz op der Strooss iwwer d'Ermëttlungsaarbecht um Büro bis hin zu Asätz a kritesche Situatiounen.

De Beruff vum Polizist erfuerdert physesch a psychesch Belaaschtbarkeet, Entscheedungs- a Kommunikatiounsfäegkeet. Poliziste spillen eng zentral Roll am Oprechterhale vun der ëffentlecher Sécherheet am Rechtsstaat a si sinn dacks déi éischt Ulafplaz fir Bierger an der Nout.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Polizisten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Chamber: Visite de la nouvelle Ecole de Police (21. September 2021)
  2. Police Lëtzebuerg: Ecole de police (EP) (gekuckt den 23. August 2024)