(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Meridiankrees: Ënnerscheed tëscht de Versiounen – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Meridiankrees: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Addbot (Diskussioun | Kontributiounen)
k Bot: Huet 7 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q364882 zur Verfügung gestallt ginn
Addbot (Diskussioun | Kontributiounen)
k Bot: Huet 1 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q364882 zur Verfügung gestallt ginn
Linn 22: Linn 22:
[[Kategorie:Astronomesch Instrumenter]]
[[Kategorie:Astronomesch Instrumenter]]
[[Kategorie:Astronomie]]
[[Kategorie:Astronomie]]

[[de:Meridiankreis]]

Versioun vum 10:06, 15. Mäe. 2013

Meridiankrees vum Kuffner-Observatoire, Wien.

De Meridiankrees ass das klassescht Instrument fir d’Miessung vu Stäreplaze am Meridian. Hien entsprëcht engem ganz groussen Theodolit ouni Stéiachs, dee nëmmen um Meridianniveau (SüdpunktZenitNordpunkt) schwenkbar ass, an zielt domadden zu de sougenannte Duerchgank- oder Passageninstrumenter.

De Meridiankrees gouf vum Olaf Römer aus dem Mauerquadrant (Mauerkrees) weiderentwéckelt a war vun 1810 bis 1950 dat wichtegst Miessinstrument vu villen Observatoiren. Mat ronn 20 global verdeelte Meridiankreeser goufen all genee Stärekataloge an Eegebeweegunge gemooss, wéi z. B. den AGK1 (18681908) an den AGK2 (19241933, 200.000 Stäre op ±0,1″ genee).

Gemoos ginn Zäit an Héichtewénkel vun de Stäre wa si am Meridian den Héchststand erreechen (kulminéieren). Dësen trëtt genee um Vertikalfuedem op, wann de Refrakter an Achszape kalibréiert sinn. D'Zäitdifferenz vun zwéi Stären entsprécht hirer Rektaszensiounsdifferenz. Aus Héichtewénkel a geographesch Breet follegt d'Deklinatioun.

Scho fréi gouf amplaz vu visuelle Miessungen um Fuedemnetz d'„Registréiermikrometer“ agesat, déi een de Stären noféiert. Ëm 1920 goufe vill Instrumenter op fotografesch Kreesofliesung ëmgebaut, zënter den 1970er Joren och op optoelektronesch Miessmethoden an a leschter Zäit op CCD.

Déi voll Miessgenauegkeet huet ee fréier duerch Zäitmiessung an ongeféier 20 parallele Fiedem am Gesiichtsfeld iwwer d'Ticke vun enger Pendelauer kritt. Fir d'Héichtemiessung stellt een de Stär op den Horizontalfuedem an, hannert deem een hien e puer Sekonnen laang bisezéiert. Doduerch fält den Afloss vun der Loftonrou gréisstendeels eraus.
D'Neigung vun der Achs gëtt duerch en Hängeniveau (grouss Libell) kontrolléiert, hir Richtung duerch zwéi Kollimateren (Hëllefsrefraktere op Distanz). Den Héichtenindexfeeler gëtt duerch vertikal Miessung zu enger Schuel mat Quecksëlwer dat spigelt, bestëmmt.

Och haut gi speziell Stärekataloge mat Meridiankreaser gemooss, z. B. fir d'Raumfaart oder fir Koméiten-Astrometrie. Prezis optoelektronesch Instrumenter sinn déi zu Bordeaux an de Carlsberg-Meridiankrees op La Palma. De Carlsberg-Meridiankrees schafft zënter 1984 op ±0,003″ genee.

Um Spaweck

Portal Astronomie