Mécken
Mécken | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
(Calliphora spec.) | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Brachycera Schiner, 1862 | |||||||||||
Subtaxa | |||||||||||
Mécken (Brachycera) sinn eng Ënneruerdnung vun den Diptera ("déi mat zwéi Flillecken"), zu där eng sëlleche Famillje gezielt ginn. "Brachycera" sëtzt sech aus de griichesche Wierder brachy "kuerz" an ceros "Har", hei: "Fühler" zesummen.
Jee nodeems, wéi d'Mécken aus hire Poppen erausklammen, ginn se ënneragedeelt a "Spaltschlüpfer" (Orthorrhapha), déi de laange Wee aus enger Spléck aus hire Poppen erausklammen, an "Deckelschlüpfer" (Cyclorrhapha), déi den Deckel vun der Popp ewechdrécken.
Liewensweis
Ausgewuesse Mécken (Imago) liewe just e puer Wochen oder Deeg. Am längsten dauert de Larvestadium, woubäi dës an den ënnerschiddlechste Liewensraim an op den ënnerschiddlechste Substrater virkommen.
Ernierung
Mécken erniere sech virun allem vun organesche Substanzen, sief et vun organesche Matièren, déi am Gaang sinn, sech ze zersetzen, wéi och als Jeeër vun aneren Insekten oder als Parasiten. An de meeschte Fäll ernieren sech souwuel d'Larven wéi och d'Imagines.
Reproduktioun
Vill Aarte leeën hier Eeër onspezifesch a këmmere sech kaum ëm hier Bréiecht. Dës Aarte leeën deementspriechend héich Zuele vun Eeër. Aner Aarten, besonnesch bei deenen, déi als Parasite liewen, këmmere sech méi ëm hir Bréiecht. Zuel an Heefegkeet vum Nowuess ass staark ofhängeg vu Klima, disponibelem Friessen, etc.
Besonnesch Upassungen
Mécke si kapabel, och op glate Surfacen Halt ze fannen.
D'Larve vun enger Rëtsch Méckenaarte liewen a Fleesch, Exkrementer oder anerem organeschem Material, dat am Gaang ass sech ze zersetzten. Do kënne se pathogen Keimer ophuelen, an dës op Mënsch oder Déier iwwerdroen.
Besonnesch divers Aarte vun de Famillje vun de Schäissmécken (Calliphoridae), Fleeschmécken (Sarcophagidae) ann Echt Mécken (Muscidae, z. B. déi wäit verbreet Hausméck), kënne Krankheeten iwwerdroen. Hier Muede liewe virun allem vun ofgestuerwene Substanzen, sief et vun Déieren oder Planzen. Eenzel Aarte liewen och a liewegem Gewief, a kënnen esou eng Myiasis ausléisen (ë. a. d'Larva migrans).
Systematik
Mécke ginn an Orthorrapha ("Spaltschlüpfer") Cyclorrhapha ("Deckelschlüpfer") agedeelt.
Literatur
- Joachim Haupt & Hiroko Haupt: Fliegen und Mücken. Beobachtung – Lebensweise. Weltbild, Augsburg 1998, ISBN 3-89440-278-4
Um Spaweck
Commons: Mécken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Méck Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |