(Translated by https://www.hiragana.jp/)
National Security Agency – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

National Security Agency

Vu Wikipedia
NSA ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner NSA (Homonymie)
Wope vun der NSA
Haaptquartéier a Maryland

D'National Security Agency, ofgekierzt NSA, ass dee gréissten Auslandsgeheimdéngscht vun den USA. Si ass fir déi weltwäit Iwwerwaachung, Entschlësselung an Auswäertung vun elektronescher Kommunikatioun zoustänneg, grad wéi fir de Schutz vun den Informatiounssystemer vun der eegener US-Regierung, an an där Funktioun Deel vun der Intelligence Community.

Si gouf 1952 vum President Truman gegrënnt fir déi net ganz efficace kryptologesch Virgängerorganisatioun Armed Forces Security Agency z'ersetzen. Mëttlerweil huet si eng geschate 40.000 Mataarbechter an e geschate Budget vun 10,8 Millarden US-Dollar. Hiren Haaptbüro ass zu Fort Meade a Maryland, an hire gréisste Rechenzentrum Utah Data Center steet (deemnächst) zu Bluffdale am Utah, wou praktesch déi gesamt Telefons- an Internetkommunikatioun vun der ganzer Äerd op onbestëmmten Zäit gespäichert soll ginn.

Absënns a Kritik geroden ass d'NSA, wéi 2013 duerch d'Revelatioune vun hirem fréiere Mataarbechter Edward Snowden bewise gouf, datt si net nëmmen a géigneresche mee och an alliéierte Staate Wirtschaftsspionage, d'Iwwerwaachung vu politische Féierungspersounen an d'Oflauschtere vun der kompletter Telefons- an Internetkommunikatioun vun allen eenzelnen normale Bierger bedreift.

Si gebraucht dofir Programmer wéi:

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: National Security Agency – Biller, Videoen oder Audiodateien