Lull Gillen
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lucien (Lull) Gillen, gebuer de 7. Oktober 1928 an der Stad Lëtzebuerg, Jong vum Maurice Gillen, ass e virege lëtzebuergesche Vëlosportler a Banquier. Hie war e Spezialist op der Bunn an ass haaptsächlech Sechs-Deeg-Courssë gefuer. 1955 huet hien op der Bunn zu Mailand en neie Weltrekord iwwer 5000 m opgestallt.
Seng Carrière als Vëlosportler
Säin éischten Erfolleg op zwee Rieder hat de Lull Gillen am Alter vu sechs Joer, wéi e bei enger Trotinette-Course matgemaach huet, an déi gewonnen huet.
De 13. September 1947 ass de Lull Gillen professionnelle Vëlosportler ginn. (Source: "De Letzeburger Sport" vum 04.09.1947)
D'Sechs-Deeg-Courssen
De Lull Gillen ass seng éischt Sechs-Deeg-Course vum 18. bis den 23. Oktober 1948 zesummen mam Mett Clemens zu New York gefuer. Obschon déi zwee nach weider keng Erfahrung op der Piste haten, koumen si dobäi op déi 2. Plaz.
Seng lescht Sechs-Deeg-Course ass hien zesummen mam Palle Lykke-Jensen vum 18. bis de 24. Mee 1966 zu Quebec gefuer an huet do mat enger 4. Plaz seng Carrière op der Piste ofgeschloss.
(De Lull Gillen ass a senger Carrière 123 Sechs-Deeg-Courssen matgefuer, vun deenen hien der 11 gewonnen hat. Hien ass och nach 20 mol op déi 2. Plaz an 24 mol op déi 3. Plaz komm.)?
De Weltrekord iwwer 5000m
Palmarès
- 2. an de Sechs Deeg vu New York
- 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Kay-Werner Nielsen)
- 18. am Grand Prix des Nations (140,3 km)
- 1. an de Sechs Deeg vu Sainte-Étienne (mam Ferdinando Terruzzi)
- 1. an de Sechs Deeg vun Dortmund (mam Ferdinando Terruzzi)
- 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)
- 15. am Tour de Luxembourg
- 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)
- 1. am Tour de l'Oise
- 1. an de Sechs Deeg vu Gent (mam Ferdinando Terruzzi)
- 1. an de Sechs Deeg vu Berlin (mam Ferdinando Terruzzi)
- 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Gerrit Schulte)
- 1. an de Sechs Deeg vu Münster (mam Peter Post)
- 1. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Émile Severeyns)
- 1. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Robert Lelangue)
- 3. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Palle Lykke-Jensen)
- 4. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Palle Lykke-Jensen)
- 6. an de Sechs Deeg vu Mailand (mam Willi Altig)
Um Spaweck
- Dem Lull Gillen saï Palmarès op de Websäit vu Mémoire du Cyclisme
- Dem Lull Gillen saï Palmarès op de Websäit "de Wielersite"
Medien
- Schwartz, Jean: 6 Deeg a keen Enn - Dem Lull Gillen säin Liewen op DVD