(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Lou – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Lou

Vu Wikipedia
Fichier:Eeschenschieler.jpg
Eecheschieler

D'Lou ass d'Schuel vu jonken Eechebeem (fr: taillis de chêne). E Bësch vu jonken Eechebeem gëtt als "Louheck" bezeechent. Fréier ass d'Lou als Gierfstoff bei der Fabrikatioun vu Lieder benotzt ginn.

Zu Lëtzebuerg, besonnesch am Éislek huet e groussen Deel vun de Lafbëscher aus Louhecken bestan: meeschtens louchen se an den Häng. Ëm 1900 hunn d'Louhecken nach hei eng Fläch vun 25.725 ha bedeckt.

D'Lou ass geschlass ginn. Dorënner huet ee verstan, datt d'Schuel vun de Beem mat engem besonneschen Handwierksgeschier, dem Louschlëssel, am Doloun lassgeléist ginn ass. Dës Operatioun ass als schläisse bezeechent ginn. Et war eng haart Aarbecht. De Propriétaire krut d'Lou an d'Doléiner d'Holz.

D'Lou ass net nëmmen an de Lëtzebuerger Gierwereie benotzt ginn (66 Gierwereien ass et am Joer 1811 ginn), mee se gouf och exportéiert, op Eisebunnswagonen, haaptsächlech vun Ettelbréck aus.

D'Lou huet vum Ufank vum 20. Joerhonnert un d'Konkurrenz vun der Schuel vun de Quebrachobeem aus Südamerika ze spiere kritt. An duerno sinn ëmmer méi chemesch Salze bei der Liederfabrikatioun benotzt ginn. Mat der Lou ass et du biergof gaang an nom Zweete Weltkrich war et definitiv eriwwer. Déi lescht Gierwereien zu Lëtzebuerg hunn zougemaach.

Fichier:Opc2.gif
Beim Schläissen

Linken

Kuckt och

Um Spaweck