Tschechesch Kroun
Ausgesinn
D'Tschechesch Kroun (koruna česká; CZK) ass zanter dem 8. Februar 1993 déi offiziell Wärung vun Tschechien.
1 Kroun ass an 100 Haléř ënnerdeelt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Tschechesch Kroun gouf kuerz no der Deelung vun der Tschechoslowakei den 8. Februar 1993 offiziell als Wärung agefouert, nodeems Tschechien den 1. Januar 1993 en offizielle Staat gouf.
Och de Virgängerstaat Tschechoslowakei hat zanter senger Grënnung 1919 d'Kroun als Wärung. De Wäert vun der tschechescher Kroun ass 1:1 vun där tschechoslowakescher iwwerholl ginn.
Mënzen am Ëmlaf
[änneren | Quelltext änneren]Nennwäert | Viischt Säit | Hënnescht Säit | Motiv Avers | Motiv Revers | Gewicht | Duerch- miesser |
Déckt | Material | Bord | Éischt Zirkulatioun |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 Kroun | Béimesche Léiw | Wenzelskroun | 3,6 g | 20 mm | 1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | geriffelt | 1993 | ||
2 Krounen | Béimesche Léiw | Groussmäresch Knapp-Dekoratioun | 3,7 g | 21,5 mm, Eelefeck |
1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | gerënnt, glat | 1993 | ||
5 Krounen | Béimesche Léiw | Karelsbréck zu Prag | 4,8 g | 23 mm | 1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | glat | 1993 | ||
10 Krounen | Béimesche Léiw | Petrov-Hiwwel zu Brno mat der St.-Péiter-a-Paul-Kathedral | 7,62 g | 24,5 mm | 2,55 mm | Stol, mat Koffer iwwerzunn | geriffelt | 1993 | ||
20 Krounen | Béimesche Léiw | Wenzelsstatu zu Prag mam Text: „SVATÝ VÁCLAVE NEDEJ ZAHYNOUT NÁM I BUDOUCÍM“ (Hl. Wenzel, looss eis an déi no eis net ënnergoen) | 8,43 g | 26 mm, Dräizeng- eck |
2,55 mm | Stol, mat Messeng iwwerzunn | gerënnt, glat | 1993 | ||
50 Krounen | Béimesche Léiw | Prager Alstad, „PRAGA MATER URBIUM“ (Prag, Mamm vun de Stied) | 9,7 g | 27,5 mm | 2,55 mm | Rank:Stol, mat Koffer iwwezunn Kern: bannen: Stol, mat Messeng iwwerzunn |
glat | 1993 |
Billjeeën am Ëmlaf
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tschechesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien |