(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Antoine Darquier de Pellepoix – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Antoine Darquier de Pellepoix

Vu Wikipedia
Antoine Darquier de Pellepoix
Gebuer 23. November 1718
Toulouse
Gestuerwen 18. Januar 1802
Toulouse
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Iwwersetzer
Messier 57; de Rankniwwel an der Lyra

Den Antoine Darquier de Pellepoix, gebuer den 23. November 1718 zu Toulouse, a gestuerwen den 18. Januar 1802 zu Toulouse war e franséischen Astronom.

Hien huet a senger Heemechtsstad Toulouse geschafft. Seng Observatiounen, déi hien tëscht 1748 an 1773 gemaach huet, huet hien a sengem Buch Observations Astronomiques faites à Toulouse (Avignon 1777) publizéiert.

Bei der Sich nom Koméit vu 1779 huet hien am Januar de Rankniwwel M57 nëmmen e puer Deeg éischter wéi de Charles Messier entdeckt an e mat engem Planéit verglach.

Tëscht 1791 a 1798 huet den Darquier de Pellepoix e Katalog mat Stärepositiounen opgestallt, dee vum Jérôme Lalande gebraucht gouf, wéi dee säi Stärekatalog gemaach huet, deen 1801 erauskoum.

Portal Astronomie