Departement Nord
Nord (59) | |
---|---|
Regioun | Hauts-de-France |
Prefecture | Lille |
Ënnerprefecture | Avesnes-sur-Helpe Cambrai Douai Dunkerque Valenciennes |
Bevëlkerung | 2.577.000 Aw.(2004) |
Fläch | 5.743 km² |
Arrondissementer | 6 |
Kantonen | 79 |
Gemengen | 652 |
Den Nord (59) ass e franséischt Departement an der Regioun Hauts-de-France. Et ass dat am nërdlechste geleeënt Departement, dohier säin Numm.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Departement Nord gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt, an zwar aus Deeler vun der aler Provënz Flandern an Deeler vum Hainaut an dem Cambrésis.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Nord ass en Deel vun der Regioun Hauts-de-France. E grenzt un d'Departementer Pas-de-Calais, Aisne a Somme an un d'Belsch.
Et stéisst och un d'Nordmier. Stréim a Flëss déi derduerch lafe sinn d'Yser, d'Leie, den Escaut, d'Scarpe an d'Sambre. De Kanal vun der Deûle leeft duerch Lille, seng Prefecture.
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Awunner vum Nord ginn op Franséisch Nordistes genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Commons: d'Departement Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien |