(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Europäesch Vollekspartei – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Europäesch Vollekspartei

Vu Wikipedia
Europäesch Vollekspartei
Ofkierzung EPP
President Manfred Weber
Gegrënnt 8. Juli 1976
Parteizentral Rue du Commerce
Handelsstraat 10
Bréissel, B-1000
Ideologien konservativ
chrëschtlech-demokratesch
pro-europäesch
Politesch Positioun Mëtt-riets
Faarwen Blo an Orange
Europaparlament
187/720 Sëtz
Websäit www.epp.eu

D'Europäesch Vollekspartei (en.: European People's Party (EPP); fr.: Parti populaire européen (PPE); de.: Europäische Volkspartei (EVP)) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 1976 vun europäesche chrëschtleche Parteie gegrënnt a setzt sech haut aus chrëschtlech-demokrateschen an anere konservative Parteien aus dem Mëtt-rietse Spektrum zesummen.

Memberparteie sinn ënner anerem d'CSV (Lëtzebuerg), d'CDU (Däitschland), d'Republikaner (Les Républicains, Frankräich), de Partido Popular (Spuenien), d'Forza Italia (Italien), d'PPD/PSD an d'CDS-PP (Portugal).

Bei den Europawalen 2019 krut d'Fraktioun vun der EPP 182 Deputéiert, dat waren 24,23% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[1] Déi Zuel huet sech nom Brexit geännert, wéi déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verluer hunn.

Bei den Europawalen 2024 goufen 188 Deputéiert vun der EPP gewielt. Domat ass d'Partei mat 26,11% vun de Sëtz déi stäerkst Kraaft am Parlament bliwwen.[2]

Commons: Europäesch Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)
  2. Ergebnisse der Europawahl 2024 (23. Juli 2024)