Eurovision Song Contest 1966
11. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 5. Mäerz 1966 |
Stad | Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) |
Gebai | Villa Louvigny |
Gewënner | Udo Jürgens (Éisträich) |
Zuel vu Länner | 18 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Josiane Shen |
Interval Act | Les Haricots Rouges |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. |
Den 11. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war de 5. Mäerz 1966 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Villa Louvigny zu Lëtzebuerg. Presentatrice war d'Josiane Shen.
D'Zuel vun de Länner ass bei 18 bliwwen.
Als nei Reegel ass 1966 agefouert ginn, dat all Land nëmme Lidder mat Texter a senger eegener Sprooch däerft virdroen. Dat war decidéiert ginn opgrond vum schweedesche Bäitrag am Joer virdrun, dee ganz op Englesch gesonge gouf.
D'Ofstëmmung ass d'selwecht gelaf wéi 1964 a 1965: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, krute se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Lëtzebuerg iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Éisträich, den Udo Jürgens mat 15 Punkte Virsprong virum Lill Lindfors & Svante Thuresson (Schweden). Déi drëtt Plaz krut d'Åse Kleveland, déi fir Norwegen ugetruede war.
De Gewënner Udo Jürgens hat dräi Joer noenee fir Éisträich beim Grand Prix matgemaach fir bei der drëtter Kéier dann ze gewannen.
Den Domenico Modugno hat fir Italien och dräimol matgemaach (1958, 1959, 1966), huet awer ni gewonnen.
Klassement
[änneren | Quelltext änneren]Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Éisträich | Udo Jürgens | Merci, Chérie | 31 |
2. | Schweden | Lill Lindfors & Svante Thuresson | Nygammal vals eller hip man svinaherde | 16 |
3. | Norwegen | Åse Kleveland | Intet er nytt under solen | 15 |
4. | Belsch | Tonia | Un peu de poivre, un peu de se | 14 |
4. | Irland | Dickie Rock | Come Back to Stay | 14 |
6. | Schwäiz | Madeleine Pascal | Ne vois-tu pas? | 12 |
7. | Jugoslawien | Berta Ambrož | Brez besed | 9 |
7. | Spuenien | Raphael | Yo soy aquél | 9 |
9. | Groussbritannien | Kenneth McKellar | A Man Without Love | 8 |
10. | Däitschland | Margot Eskens | Die Zeiger der Uhr | 7 |
10. | Lëtzebuerg | Michèle Torr | Ce soir je t'attendais | 7 |
10. | Finnland | Ann Christine | Playboy | 7 |
13. | Portugal | Madalena Iglesias | Ele e ela | 6 |
14. | Dänemark | Ulla Pia | Stop – mens legen er god | 4 |
15. | Holland | Milly Scott | Fernando en Philippo | 2 |
16. | Frankräich | Dominique Walter | Chez nous | 1 |
17. | Monaco | Téréza | Bien plus fort | 0 |
17. | Italien | Domenico Modugno | Dio, come ti amo | 0 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Neapel (Italien) | Wien (Éisträich) | |
---|---|---|
ESC 1965 | Eurovision Song Contest | ESC 1967 |