ex aequo
De laténgeschen Ausdrock ex aequo bezeechent "gläichermoossen" oder "op déi selwecht Manéier".[1][2][3][4] E gëtt an anere Sprooche haaptsächlech bei Competitiounen a Sport, Kultur a Spill gebraucht, bei deenen zwou Persounen op déi selwechte Positioun komm sinn.
Beim 1. Lëtzebuerger Filmpräis (2003) zum Beispill ass de Präis fir de Beschte Lëtzebuerger Film ex aequo un J'ai toujours voulu être une sainte a L'homme au cigare gaangen.
Ex aequo ass net dat selwecht wéi e Gläichspill (bei deem zwee Géigner déi selwecht Punkten hunn): bei ex aequo gewannen zwou Persounen oder Gruppen de selwechte Präis, deen héchsten, ëm dee gespillt gëtt. Beim Gläichspill geet e Wettsträit ouni Gewënner zu Enn. Beim Foussball a beim Schach zum Beispill kréien déi, déi gläich gespillt hunn, manner Punkte wéi bei enger Victoire.
Bei verschiddene Competitiounen, wéi bei engem Quiz, bei deem zwou Persounen op d'selwecht vill Froe richteg geäntwert hunn a se ex aequo sinn, gëtt heiansdo nach eng Extrafro gestallt, fir déi eng exakt richteg Fro bal onméiglech ass (zum Beispill roden, wéi vill Jicken an engem Glas sinn). Déi Persoun, där hir Äntwert am noosten un der richteger Äntwert läit, gëtt dann de Gewënner.
Grammatesch gesinn setzt den Ausdrock sech aus der Prepositioun ex an dem Ablativ aequus (weiblech: aequa, neutral: aequum) zesummen.