(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Guy de Muyser – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Guy de Muyser

Vu Wikipedia
Guy de Muyser
Gebuer 20. Juni 1926
Wolz
Gestuerwen 19. August 2024
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Diplomat, Affekot
Famill
Kanner Isabelle de Muyser, Alain de Muyser, Xavier de Muyser

De Guy de Muyser, gebuer den 20. Juni 1926 zu Wolz a gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg den 19. August 2024[1][2] , war e lëtzebuergesche Jurist, Ekonomist an Diplomat.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Guy de Muyser war de Bouf vum Wëlzer Nottär a Banquier Constant de Muyser (?-1960) a senger Fra Victoire Weicker (≈1889-1937). Nom Doud vu senger Mamm ass hie mat sengem Papp a sengem Brudder an d'Stad geplënnert, wou en an de Kolléisch goung. Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf hien 1944 an de Reichsarbeitsdienst agezunn an an d'Lager Gembitz-Deutschwalde am besate Polen bruecht. Uganks 1945 ass hien desertéiert an huet sech bis Krichsenn an de Bëscher verstoppt duerchschloe missen.[3]

Nom Krich huet hien op der Universitéit Nancy an op der Universitéit Grenoble Droit an Ekonomie studéiert, an dono en Opbaustudium an Internationalem Droit an an Diplomatie an den USA an zu London gemaach.

Vun 1951 bis 1954 huet hien als Affekot geschafft. Vun 1956 bis 1959 war hien Diplomat am Ausseministère. 1969 gouf hien, bis 1981, Chef de Cabinet vum Grand-Duc Jean, an dat Joer drop zousätzlech, an der Nofolleg vum Alfred Loesch, Haffmarschall.

Dono war hien, bis 1986, Ambassadeur zu Moskau (mat Akkreditatioun och fir Finnland, Polen an d'Mongolei), an als nächst zu Bréissel bei der NATO.[1] 1990 gouf hien zeréckgeruff, wéinst (wéi méi spéit festgestallt gouf, net fundéierten) Beschëllegungen, hie wier zu Moskau en Duebelagent fir d'Sowjetunioun gewiescht.

Vun 1992 huet hien am European Center vun der Boston University zu Bréissel an am European Center vun der Miami University zu Lëtzebuerg Course ginn.

1998 war hie Matgrënner an zanterhier President vun der Fondation du mémorial de la déportation, Matgrënner a President (1999-2021) vu Mathëllef Asbl, Matgrënner a President vu Sequenda Asbl, President (1992-2024) vun der Stater Chorale St Michel, Matgrënner a President (1992-2017) vum Executive Club Luxembourg.

Vun 2004 bis 2011 war hie President vum ëffentlechen Etablissement Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster.

De Guy de Muyser gouf den 19. Oktober 1956 mat der Dominique Milliat bestuet[4]; d'Koppel hat dräi Kanner, de Jurist, Diplomat a Politiker Alain de Muyser, d'Isabelle de Muyser an de Xavier de Muyser.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Muyser, Guy de. Art non-conformiste sous les soviets  : collection Guy de Muyser  : exposition organisée ... au Tutesall, novembre 1992. Luxembourg: Ministère des affaires culturelles, 1992. Print.
  • Barbano, Christian, und Guy de Muyser. Maxim Kantor  : das neue Bestiarium  : Gemälde, Grafik, Skulpturen und Puppen  = Le nouveau bestiaire  : peintures, gravures, sculptures et marionettes. Köln: Wienand, 2016. Print.
Commons: Guy de Muyser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 "De Guy de Muyser ass dout."rtl.lu, 19.08.2024
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21. August 2024, S. 33.
  3. Quell, wou net anescht uginn: "Zum Tod von Guy de Muyser: ein wahrhafter Staatsdiener." wort.lu, 20.08.2024.
  4. (fr)MARIAGES. In: Luxemburger Wort, 109. Jg., n° 293, p. 10. (19.10.1956). Gekuckt de(n) 22.08.2024.