(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Jean Welter – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Jean Welter

Vu Wikipedia
Jean Welter
Gebuer 2. Mee 1901
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 23. Mäerz 1977
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer
Kompetitiounsklass Hallefschwéiergewiicht
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1928, Olympesch Summerspiller 1924

De Jean Welter, gebuer den 2. Mee 1901 zu Esch-Uelzecht, an do gestuerwen 23. Mäerz 1977[1], war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik[2].

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden[3].

Hie war de Papp vum Jean Welter, Jr. deen op den Olympesche Summerspiller 1948 an 1952 och als Boxer dobäi war.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Doudesannonce vum Jean Welter. viewer.eluxemburgensia.lu 9. Luxemburger Wort (25. Mäerz 1977). Gekuckt de(n) 7. September 2024.
  2. De Jean Welter op der Websäit vu sports-reference.com
  3. De Jean Welter op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens