Joseph Maertz
Joseph Maertz | |
---|---|
Gebuer |
8. August 1907 Klierf |
Gestuerwen |
18. Dezember 1988 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Philosoph |
De Joseph Maertz, gebuer den 8. August 1907 zu Klierf, gestuerwen den 18. Dezember 1988 an der Stad, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
De Joseph Maertz ass den 30. Juli 1933 zum Priister geweit ginn. Vun 1933 bis 1937 huet hien op den Universitéite vu Paräis, München a Wien weider studéiert an huet säi Studium als Dokter vun der Philosophie an der Literatur ofgeschloss.
Vun 1937 un huet hien am Atheneum Latäin a Geschicht enseignéiert. Zäitweileg gouf hien och Reliounscoursen an der Normalschoul a Geschichtscoursen um Cours supérieur. 1971 gouf hie pensionéiert.
Wärend 20 Joer, vun 1963 un, war de Joseph Maertz Redakter vun der "Hémecht"; hie war och Mataarbechter vum Veräin "De Cliärrwer Kanton".
De Joseph Maertz ass besonnesch bekannt fir säi Buch "Luxemburg in der Rundstedtoffensive" (1. Editioun 1947); en huet donieft awer nach vill aner Publikatiounen opzeweisen, wéi d'Bibliographie, déi de Jean-Claude Muller an den Hugues Schaffner (†1993) opgestallt hunn, dat dokumentéiert (cf. Literatur).
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Jos. Maertz, 1947: Luxemburg in der Rundstedt-Offensive: das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt Paulus-Druckerei, Luxemburg, 477 S.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonymus, 1988. Professor Joseph Maertz †. In: Luxemburger Wort 1988, Nr. 292 (19. Dezember), S. 4.
- Hoffmann, Léopold, 1989. Professor Joseph Maertz † (1907-1988). In: Luxemburger Wort 1989, Nr. 13 (17. Januar), S. 5. (och publizéiert am: De Cliärrwer Kanton 1989, Nr. 1, S. 18-19).
- Margue, Paul, 1989. Professor Joseph Maertz †. In: Hémecht, Jg. 41(1989), H. 1, S. 89-92.
- Milmeister, Jean, 1989: Professor Joseph Maertz † (1907-1988). In: The bulge: publication du Cercle d'études sur la bataille des Ardennes, Nr. 1, S. 7-8.
- Muller, Jean-Claude & Hugues Schaffner (collab.), 1989: Bibliographie Joseph Maertz (1907-1988). In: Hémecht, Jg. 41(1989), H. 1, S. 93-99.
- Schaffner, Hugues & Jean-Claude Muller (collab.): À la mémoire de Joseph Maertz (1907-1988): bibliographie. In: De Cliärrwer Kanton, 11(1989), Nr. 1, S. 20-22.