Maurane
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Maurane | |
---|---|
Gebuertsnumm | Claudine Luypaerts |
Gebuer |
12. November 1960 Ixelles |
Gestuerwen |
7. Mee 2018 Schaerbeek |
Doudesursaach | Fall |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Liddermécher, Schauspiller, Discographesche Kënschtler, Sänger |
D'Claudine Luypaerts, bekannt ënner dem Kënschtlernumm Maurane, gebuer zu Ixelles den 12. November 1960, a gestuerwen zu Schaerbeek de 7. Mee 2018, war eng belsch Sängerin, Komponistin a Kaméidischauspillerin. Si hat hiren Debut an den 80er Jore mat der Roll vun der Marie-Jeanne an der zweeter Versioun vun der Rockoper Starmania. Hir bekanntst Lidder sinn Toutes les mamas, Sur un prélude de Bach an Tu es mon autre (am Duo mat der Lara Fabian)[1].
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1986: Danser
- 1987: Nonchalance - Histoire d'un marin (mat Viktor Lazlo, Muriel Dacq a Lena Conda)
- 1989: Maurane
- 1991: Ami ou ennemi
- 1994: Une fille très scène
- 1995: Les années Saravah (Kompilatioun)
- 1996: Différente
- 1998: L'un pour l'autre (Kompilatioun)
- 1999: Maurane à l'Olympia
- 2000: Toi du monde
- 2003: Quand l'humain danse
- 2007: Si Aujourd'hui
- 2008: Bestof (Kompilatioun)
- 2009: Nougaro ou l'espérance en l'homme
- 2011: Fais-moi une fleur
- 2012: Carnet de Mô (Kompilatioun)
- 2014: Ouvre
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ « Décès de Maurane: ses plus grandes chansons », op ledauphine.com,