Mazda 121
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mazda 121 DB war e kompakten Auto vu Mazda dee vun 1991 bis 1996 gebaut gouf an dee säi Virgängermodel ersat huet, deen um Ford Festiva baséiert hat. Den Auto ass a verschiddene Länner och ënner dem Numm "Autozam Revue" verkaaft ginn.
Den 121 konnt een als 4-Diere Sedan mat optionalem elektresch opklappbarem Daach kafen. Den Auto gouf et mat 1,3 an 1,5 Liter Motoren, an entweeder mat enger 4-Gang Automatik oder enger manueller 5-Gang-Boîte.
Dem Auto seng speziell Form huet dozou gefouert, datt en als "Bubble Car" bekannt gouf. Zu Lëtzebuerg ass awer de Spëtznumm "Eeërmuschel" méi wäit verbreet. En hat virun allem an Australie grousse Success, wou en a ville Zäitschrëften an Tëleereportage virkomm ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mazda 121 – Biller, Videoen oder Audiodateien |