Michael Douglas
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schauspiller Michael Douglas. Fir aner Leit déi sou heeschen, kuckt wgl. Michael Douglas (Homonymie). |
Michael Douglas | |
---|---|
um Deauviller Filmfestival 2013 | |
Gebuertsnumm | Michael Kirk Douglas |
Gebuer |
25. September 1944 New Brunswick |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of California |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Catherine Zeta-Jones |
Papp | Kirk Douglas |
Mamm | Diana Dill |
Geschwëster | Eric Douglas, Peter Douglas, Joel Douglas |
Kanner | Cameron Douglas, Carys Zeta, Dylan Douglas |
De Michael Kirk Douglas, gebuer de 25. September 1944 zu New Brunswick am New Jersey als Michael Issurovitch Demsky, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmproduzent an Oscar-, Golden-Globe an Emmy-Gewënner.
Hien ass de Jong vum Schauspiller Kirk Douglas an deem senger éischter Fra, der Diana Dill. Hien huet Schauspillerei a Regie studéiert, an hat seng éischt Filmroll 1969 an Hail, Hero!. Bekannt gouf en nieft dem Karl Malden an der TV-Serie Streets of San Francisco (1972-1977), woufir en 3 Emmye krut. Hien huet och dem Miloš Forman säi Film One Flew over a Cuckoo's Nest produzéiert an dofir 1975 den Oscar fir de beschte Film kritt. Filmer mat him an der Haaptroll, déi Succès haten, koumen no: China Syndrome, Romancing the Stone an The Jewel of the Nile, déi en och allen dräi produzéiert huet.
1988 huet e fir Wall Street säin éischten Oscar fir déi bescht Haaptroll kritt. An den 1990er Joren huet hie säi Repertoire vun éischter liichte Kaméidisfilmer op méi kontrovers Filmer gewiesselt, wéi Basic Instinct, dem David Fincher säin The Game, Falling Down oder Traffic, déi em souwuel Luef vun de Kritiker wéi och kommerzielle Succès abruecht hunn.
Hien ass zanter 2000 mat der Schauspillerin Catherine Zeta-Jones bestuet; si hunn zwee Kanner zesummen.
Filmographie als Schauspiller (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1969: Hail, Hero!
- 1972: Napoleon and Samantha
- 1972-1977: The Streets of San Francisco, Tëleesserie
- 1978: Coma
- 1979: The China Syndrome, och Produzent
- 1979: Running
- 1983: The Star Chamber
- 1984: Romancing the Stone, och Produzent
- 1985: A Chorus Line
- 1985: The Jewel of the Nile, och Produzent
- 1987: Wall Street
- 1987: Fatal Attraction
- 1989: Black Rain
- 1989: The War of the Roses
- 1992: Shining Through
- 1992: Basic Instinct
- 1993: Falling Down
- 1994: Disclosure
- 1995: The American President
- 1996: The Ghost and the Darkness, och Produzent
- 1997: The Game
- 1998: A Perfect Murder
- 2000: Wonder Boys
- 2000: Traffic
- 2000: One Night at McCool's
- 2001: Don't Say a Word
- 2003: The In-Laws
- 2003: It Runs in the Family
- 2005: The Ride Down to Mt. Morgan
- 2006: The Sentinel
- 2006: You, Me and Dupree
- 2007: King of California
- 2009: Solitary Man
- 2009: The Ghost of Girlfriends Past
- 2009: Beyond a Reasonable Doubt
- 2010: Wall Street: Money Never Sleeps
- 2012: Haywire
- 2013: Behind the Candelabra
- 2013: Last Vegas
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Eliot: Michael Douglas. Die Biografie. LangenMüller, München 2014, ISBN 978-3-7844-3350-9. (Mit 46 Fotos)
- Adolf Heinzlmeier: Michael Douglas. Rastatt 1990. ISBN 3-8118-3060-0.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Michael Douglas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- US-amerikanesch Televisiounsschauspiller
- US-amerikanesch Filmproduzenten
- Oscar fir de beschte Schauspiller
- Gebuer 1944
- Golden Globe fir de beschte Filmproduzent
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an enger Miniserie oder Televisiounsfilm
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem dramatesche Film
- Hollywood Walk of Fame
- Cecil B. DeMille Award
- Premio Donostia
- Primetime Emmy-Gewënner