(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Neuchâtel – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Neuchâtel

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Schlass vun Neuchâtel

Neuchâtel ass eng Gemeng an der Schwäiz, Haaptstad vum Kanton Neuchâtel a vum Distrikt Neuchâtel. Si läit um Uwänner vum Séi vun Neuchâtel, säitlech vum Jura-Massif, géintiwwer vun den Alpen.

Neuchâtel gëtt fir d'éischt am Joer 1011 ernimmt. Et gouf vun de Grofe vun Neuchâtel bis 1458 geréiert: du koum et bis 1707 ënner d'Herrschaft vun der Famill Orléans-Longueville. Bis 1848 hunn déi preisesch Kinneken do regéiert, och wann Neuchâtel sech vun 1814 un der Schwäiz ugeschloss hat, wou et de Kanton Neuchatel gebilt huet. De Wäibau, d'Aueren-, d'Schoklasfabrikatioun, d'Metallurgie, d'Déngschtleeschtungen a den Tourissem hunn am Laf vun der Zäit eng grouss Importenz kritt. D'Stad ass och bekannt duerch seng Universitéit.

Commons: Neuchâtel – Biller, Videoen oder Audiodateien