Roger Maul
Ausgesinn
Roger Maul | |
---|---|
Gebuer |
16. September 1907 Diddeleng |
Gestuerwen |
22. Oktober 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
De Roger Maul, gebuer de 16. September 1907 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. Oktober 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist.
Säi Studium huet hien am Kolléisch gemaach an en huet duerno zu Frankfurt am Main, Bonn, Toulouse a Paräis, Droit studéiert.
De 7. Juni 1940 gouf hien zu Bartreng mat der Thérèse Koch bestuet.
Seng juristesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Mee 1937 Friddensriichter am Kanton Gréiwemaacher
- 27. Mee 1946 Substitut vum Procureur d'État zu Lëtzebuerg
- 15. Dezember 1947 Riichter um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg
- 23. Februar 1954 Conseiller vum Ieweschte Geriichtshaff
- 11. September 1954 Member vun der Commission d'études législatives
- 1. Mäerz1955 Member vum Staatsrot[1]
- 1. Oktober1978 bis 16. September 1979 President vun där Institutioun.[2]
Hie war och eng Zäit laang President vun der Chambre des comptes.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier de l'Ordre de Léopold[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2013-01-27.
- ↑ (fr)M. Roger Maul décoré par l'ambassadeur de Belgique…. Luxemburger Wort (20.12.1977). Gekuckt de(n) 15.07.2023.