Schnauftubak
Ausgesinn
De Schnauftubak ass renggemuelen Tubak, deen duerch Erasuckelen duerch d'Nues konsuméiert gëtt. Op déi Manéier wierkt den Nikotin op déi viischt Schläimhait an der Nues, sou wéi beim Kokain.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]De Pater Romano Pane, deen de Christoph Kolumbus op senger zweeter Rees begleet hat, war deen éischten, deen de Brauch vum Tubakskonsum beschriwwen huet. A sengem Wierk "De insularium ritibus" vu 1497 ernimmt en e Kraut, dat duseleg mécht. E beschreift, datt sech d'mëttelamerikanesch Indianer e Rouer an d'Nueslächer stiechen, an dat anert Enn iwwer Tubaksblieder halen, déi brennen. E beschreift ausserdeem de Brauch, fir d'Blieder ze muelen, an de Pudder duerch d'Nues z'inhaléieren. "De Pudder ass sou staark, datt en engem de Verstand hëlt".
De Schnauftubak an der Lëtzebuerger Sprooch
[änneren | Quelltext änneren]- Schnaufbécks: Eng kleng Schnauftubaksdous.
- Schnaufdëppen: En ierdene Behälter, an deem de Schnauftubak versuergt gouf.
- Schnaufnues: Een, dee Schnauftubak konsuméiert.