Trapp (Geologie)
Trapp ass eng al skandinavesch (schweedesch trappa fir "Trap"[1]) Bezeechnung fir trapenaarteg Formatiounen aus Flutbasalt (oder anerem Eruptivgestengs, wéi Diabas oder Melaphyr), déi sech iwwer zum Deel gewalteg Flächen erstrecken. Et handelt sech dobäi ëm vill iwwerenee gelagert deckenaarteg Formatiounen, déi dacks duerch terrestresch Sedimenter vunenee getrennt ginn.[2]
Trappdecken entstinn duerch d'Erstarre vun dënnflësseger Lava, déi aus déiwe Rëss, déi nieftenee leien, aus dem Ënnergrond austrëtt. Déi méi oder manner flaach Verbreedungsfläche vun der ofgekillter Lava, déi sou entstane sinn an déi gär e puer dausend Meter Mächtegkeet erreeche kënnen, ginn als Lavaplateauen, Trappdecken, Plateaubasalt oder Flutbasalt bezeechent.
Bekannt Beispiller sinn den Dekkan-Trapp an Indien, de Sibireschen Trapp a Russland an den Emeishan-Trapp am südleche China.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Karl Cäsar von Leonhard, Heinrich Georg Bronn (Hrsg.): Neues Jahrbuch für Mineralogie, Geognosie, Geologie und Petrefaktenkunde, E. Schweizerbart's Verlagshandlung, Stuttgart 1834.
- Herbert Louis, Klaus Fischer: Allgemeine Geomorphologie, Walter de Gruyter, Berlin 1979, ISBN 3-11-007103-7, S. 71
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Trapp am Universallexikon op www.deacademic.com, gekuckt de 5. Mee 2017.
- ↑ spektrum.de Lexikon der Geografie – Trapp, gekuckt de 25. November 2017