Vichy
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
Departement | Allier | ||||
Arrondissement | Vichy | ||||
Kanton | Vichy-1 / Vichy-2 | ||||
Postcode | 03200 | ||||
Gemengecode | 03310 | ||||
Koordinaten | 46° 07’ 40’’ N 03° 25’ 36’’ O | ||||
Fläch | 585 ha | ||||
Bevëlkerung | 25 068 (2015) | ||||
D'Gemengegrenzen |
Vichy ass eng franséisch Stad am Departement Allier an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Vichy läit um rietsen Uwänner vum Allier, dem Haaptniewefloss vun der Loire um Bord vum Limagne-Flaachland an der Montagne bourbonnaise. Duerch d'Uertschaft leeft de Sichon deen allerdéngs um Territoire vu Vichy ganz an engem Bëtongsbett leeft.
D'Stad ass haaptsächlech fir seng Heelquelle bekannt. D'Waasser vu Vichy gëtt iwwregens ënner den Nimm Vichy Célestins a Vichy Saint-Yorre weltwäit a Fläsche verkaaft.
E ganze Koup vu Fräizäit- a Sportinstallatiounen déi ënner dem Hutt vu Vichy bedriwwe ginn, wéi de z. B. de Golfclub oder den Hippodrom, fir nëmmen déi ze nennen, leien op Nopeschgemengen.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Wärend dem Zweete Weltkrich war Vichy, am onbesate Frankräich, bis 1942 d'7. Arméi vun der Wehrmacht, no der alliéierter Landung an Nordafrika, deen Deel och besat huet, de Sëtz an domat de facto d'Haaptstad vum État français deen, ënner der Leedung vum Marschall Philippe Pétain, Pierre Laval, François Darlan a Pierre-Étienne Flandin enk mat Nazidäitschland kollaboréiert huet. Vichy hat, als Thermalstad, vill grouss a confortabel Hotellen, an deenen dem Pétain seng Ministere sech mat hire Servicer a Famillje konnten aquartéieren. Dofir gouf Vichy nodeems Tours a Bordeaux[1] besat waren a Clermont-Ferrand[2] sech als ze kleng erwisen hat, als Regierungssëtz erausgesicht. Deem Ëmstand hat Vichy et och ze verdanken, datt et amplaz vu Lapalisse eng Ënnerprefecture gouf an et nom Krich blouf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vichy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Allier
- Arrondissementer am Departement Allier
- Kantonen am Departement Allier
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Allier