Xiangqi, op Chineesesch象棋xiàngqí (ongeféier Aussprooch: hsiang-tchi) „Elefantebrietspill“, dat chineesescht Schachspill, ass eng an Ostasie gespillt Form vum Schach, déi et zanter dem 9. Joerhonnert gëtt. Xiangqi ass enk Famill mat dem japanesche Schach Shōgi a mam koreanesche Schach Janggi.