Léiffrawëschdag

De Brauch vum Léiffrawëschdag besteet doran, op Mariä Himmelfahrt (15. August) e Krautwësch zesummenzestellen, e seenen ze loossen, an da mat heem ze huelen.

Traditionell ginn zënter Jorhonnerten, virun allem am ländleche Raum, um Virowend vu Léiffrawëschdag, Kraider, Fruut a Geméis op Felder, Gäert, Bëscher a Wisen gesammelt an zu engem Wësch gebonnen: de "Krautwësch". D'Zesummesetzung vum Wësch an d'Zuel vun de benotzte Kraider - ee Wëssen, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergeet - , sinn net eenheetlech a variéiere heiansdo vu Plaz zu Plaz - a vu Famill zu Famill – wann och verschidde Bestanddeeler ëmmer erëmkommen. Vill vun den ausgewielte Kraider goufe fréier als Hausmëttel fir verschidde Krankheeten benotzt. D'Zuel vun de Kraider soll dobäi vu symbolescher Bedeitung sin.

D'Kraider sammelen kann eleng oder zesummen mat aneren gemaach ginn, genee esou wéi d’Banne vum Wësch wat dobannen oder dobaussen op enger ëffentlecher Plaz ka sin wann keng Plaz doheem ass fir e gréissere Grupp.

D'Seenen vum Krautwësch, déi sougenannt "Weih vun de Kraider", geschitt an der feierlecher Houmass op Mariä Himmelfahrt (heiansdo an der Mass um Virowend vum eigentleche Festdag). D'Leit droen d'Krautwësch - op e puer Plazen a feierlecher Prozessioun - an d'Kierch a leeën d'Krautwësch um Fouss vum Altor nidder. Heiansdo bei guddem Wieder fënnt d‘Liturgie vu Léiffrawëschdag - Houhmass a Weih vun de Kraider - och dobaussen statt. Fir d‘Kraider ze weihen benotzt de Paschtouer eng speziell Segensformel wéi se am Rituale festgeschriwwen ass, a seent dann d'Kraider mat Weihwaasser. Dëst Seene geschitt a Géigewaart a mat der Bedeelegung vun de Gleewegen, déi virum Altor versammelt sin.
No der feierlecher Mass huelen d'Leit de Krautwësch, dee se gemaach hunn, erëm nees mat heem. Wann eng Privatpersoun oder e Veräin Wësch gemaach hun fir ze verdeelen, kënnen Intressenten, déi sech net selwer e Wësch gemaach hunn, elo esou een kréien, dacks géingt eng fräiwëlleg Spend fir e gudden Zweck. No der Weih vu de Kraider gëtt bleiwen d‘Leit dacks nach bei enaner bei engem Patt an heinsto esouguer engem Maufel.
Dem geweihtene Krautwësch gëtt och haut nach eng heelend Kraaft zougeschriwwen. Op ville Plazen gëtt de Wësch am Haus oder am Stall opgehaang als Segen fir Haus an Haff, Mënsch an Déier, a fir Ongléck ofzewieren.

All Joers bréngt de Brauch fir de Krautwësch ze plécken an ze bannen Gleeweger, Naturinteresséierter a Leit, déi déi al Gebräich wëllen um Liewen halen, zesummen a stäerkt domadder d'Gemeinschaft an d'Zesummeliewen.

De feste Ritus vu Léiffrawëschdag - Joer fir Joer um selwechten Dag, mat deene selwechte Kraider, dem selwechte Weihesegen, dem selwechte Matheemhuelen vum Wësch - gëtt de Leit e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit. Si fille sech mat der Natur an all deene Mënschen verbonnen, déi dëse Brauch fréier, elo a spéiderhin op der ganzer Welt gefeiert hunn, feieren a wäerte feieren. Gläichzäiteg ginn d'Leit sech och bewosst iwwer déi historesch Verännerungen am Glawen a Liewen vun de Mënschen. D’Zesummestelle vum Wësch erméiglecht och eng Erfahrung vu kultureller Villfältegekeet a mënschlecher Schaafensfreed: all Krautwësch ass ëmmer eenzegaarteg, schons alleng nëmmen well keng Planz an der Natur absolut d‘nämlecht wéi déi aner ausgesäit. E Bewosstsinn fir Natur- an Ëmwelt bréngt och e Bewosstsinn esouwouhl fir d‘Weiderbestehen wéi fir (Klima-) Verännerung mat sech, wéi och fir d’Noutwendegkeet vun enger nohalteger Entwécklung, wa mir wëllen d’Freed vu Léiffrawëschdag nach un déi nächst Generatioune kénne weiderginn.

Léiffrawëschdag gouf den 29. Oktober 2020 an de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen vum Groussherzogtëm Lëtzebuerg opgeholl.

 

Media

Images