D’Hiewanskonscht – d’Konscht vun der Gebuertshëllef

Zanter ëmmer an iwwerall op der Welt hunn erfahre Fraen, Hiewannen genannt, aner Frae virun, während oder no der Gebuert  ënnerstëtzt. D’Hiewanen hu fundamental medezinesch, anatomesch an obstetresch Kenntnesser. Wann och déi mëndlech Iwwerliwwerung vun dëse Kenntnesser vu Fra zu Fra ëmmer wichteg wäert bleiwen, ass 1877 déi éischt staatlech Hiewaneschoul zesumme mat enger Maternité, ënnert dem Patronage vum Conseil médical, an der Reiderkasär am Pafendall, engem Viruert vun der Stad Lëtzebuerg, entstanen.

D’Hiewane begleeden déi Fraen, déi an aneren Ëmstänn sinn, hir Kanner an hire Partner vum Ufank vun hirer Schwangerschaft bis zum Enn vum Nieren, wat méi wéi zwee Joer kann daueren. Bannend der Schwangerschaft maachen d’Hiewane Kontrollvisitten, gi Rotschléi, bidden Hëllef un oder hale Virbereedungscoursë fir d’Gebuert. Si begleeden d’Famill am Iwwergang an deen neie Liewensabschnitt, an deem si Eltere sinn.

Besonnesch ervirhiewe kann ee bei der Begleedung duerch eng Hiewan, dass si mat wéinegen techneschen Hëllefsmëttelen eens gëtt. Si gebrauchen haaptsächlech hir natierlech Sënner (d’Gehéier, de Geroch, d’Beréieren, d’Gesinn). Hiert wichtegst Instrument sinn hir Hänn fir d’Lag, d’Gréisst, d’Vitalitéit an och d‘Positioun vum Kand (Leopold-Handgrëffer) festzestellen. Mat Hëllef vun engem Pinard-Stethoskop kënnen si d’Häerztéin vum ongebuerene Kand héieren. Duerch dësen direkte Kontakt an d’Aweiung an deen natierlechen a physiologeschen Oflaf léiert déi schwanger Fra eppes iwwert sech selwer an hire Kierper. Dës perséinlech Kompetenz, d’Wäertschätzung an de Respekt géigeniwwer sech selwer begënschtegen d’Entstoe vun enger ganz enker Bezéiung tëschent Mamm a Kand (bonding). Dat féiert zu zouversiichtleche Mammen, zu Kanner, déi vill méi gesond sinn, an zu Famillen, déi prett sinn, hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen an sech ëm hiert Wuelbefannen ze këmmeren.

Aus dësem Grond engagéiert sech d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fir d’Praxis vun den Hiewanen. Si gëtt Empfeelunge fir virun an no der Gebuert eraus. D’WHO réit, datt Hiewanen eng Betreiung bannend der Schwangerschaft, der Gebuert selwer an och an der Zäit dono offréieren, fir eng Kontinuitéit an hirer Hëllef ze garantéieren. All Joer ass de 5. Mee den Internationalen Dag vun der Hiewan.

D’ALSF (Association luxembourgeoise des sages-femmes), Member vun der Conférence internationale des sages-femmes (ICM), ass 1919 gegrënnt ginn, fir d’Intressie vum Beruff ze verdeedegen. D’Associatioun bréngt d’Hiewanen zesummen, déi sech zu Lëtzebuerg duerch eng grouss kulturell Diversitéit auszeechnen. Hir gemeinsam Passioun an hiert Engagement fir d’Famill féieren automatesch zu enger Eenheet, déi schwéier ze trennen ass. Zu Lëtzebuerg kennen de Staat, de Corps médical an d’Gesellschaft d’Konscht vun den Hiewanen un. Verschidden ëffentlech Plaze sinn nom Numm vun enger Hiewan benannt, fir d’Erënnerung un eng Persoun an hiert Kënnen am Déngscht vun de Generatiounen oprecht ze erhalen.

D’Hiewanskonscht ass zanter dem 29. Juli 2019 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen an de 6. Dezember 2023 an d'UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ageschriwwe ginn.


Link:

www.sages-femmes.lu



 

Media

Images