Lepton
Leptonen sin niewend de Quarks, den Eichbosonen an dem Higgs-Boson déi elementar Baustäng vum Standardmodell vun der Elementardeelchephysik. Sie ennerleien awer am Géigesatz zu den Quarks net der staarker Wiesselwierkung, mais just der schwaacher, der elektromagneitescher an der Gravitatioun.
Eegeschaften
Leptonen sin Fermionen (Spin 1/2) an ginn an dräi Famillen oder Generatiounen agedeelt. All Generatioun besteet aus engem geluedenen Lepton (Elektron, Muon an Tauon /Tau-Lepton) an engem neutralen, den dräi correspondeierenden Neutrinos: Elektron-Neutrino, Muon-Neutrino an Tau-Neutrino.Während bei den geluedenen Leptonen Massen bekannt sin, sinn déi definitiv Valeuren fir d'Neutrinos nach onbekannt. Gewosst as just, dat op mannst zwee Neutrinos eng Mass mussen hun (Neutrinooszillation).
Lepton | Mass (MeV) |
---|---|
Elektron | 0.511 |
Muon | 105.66 |
Tauon | 1776.86 |
(Wärter vun https://pdglive.lbl.gov, Stand 22.08.2020)
Als lichsten Lepton ass den Elektron stable (den Standardmodell enthält keng Leptonzuel-verletzend Prozesser). Weinst senger grousser Mass, kann den Tau-Lepton als eenzegen an Hadronen zerfaalen. De Muon ass e bessen licht dofir vue que dat d'Mass vun den lichsten Hadronen, den Pionen, bei ongefeier 140 MeV leit.