De Canopus (α Carinae) ass den hellste Stär am StärebildCarina (Schëffskiel). Hien ass nom Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel. Hie steet awer sou wäit südlech, datt hie vu Mëtteleuropa aus net ze gesinn ass. Nëmme vum südlechsten Deel vun Europa (Gibraltar, Malta a Kreta) aus kann hien observéiert ginn.
Opgrond vu senger Stellung nom Südpol vun der Ekliptik déngt hie ville Raumflugkierper wéinst senger grousser Hellegkeet och als Leetstär. De Canopus gouf no engem Schëffsteiermann am Déngscht vum mythesche Kinnek Menelaos, genannt. Aner Nimm sinn: Suhail, Suhel.