(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Gemeng Garnech – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Gemeng Garnech

Vu Wikipedia
Gemeng Garnech
Méchelskierch
An anere Sproochen fr: Garnich
de: Garnich
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Capellen
Chef-lieu Garnech
Buergermeeschter Sonia Fischer-Fantini
Awunner 2.308
  1. Januar 2024
Fläch 2.095 ha
Héicht 339 m
Koordinaten 49° 37’ 00’’ N
      05° 57’ 01’’ O
LAU-Code LU0102
Websäit https://garnich.lu

D'Gemeng Garnech (lokal och alt Gäernech oder Garnich) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. Op den 1. Januar 2024 hat se 2.308 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Garnech vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

D'Gemeng Garnech läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Si mécht d'Grenz mat de Gemenge Stengefort am Norden, Mamer am Osten, Dippech an Nidderkäerjeng am Süden a Kënzeg am Westen.

Waasserleef um Territoire vun der Gemeng sinn: Äisch, Mamer, Eiselbaach, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Äisch, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Mamer, d'Meneschbaach an dräi Quellgrief vun der Bräderbaach.

Am Weste vun der Gemeng um Flouer vun Héiweng, op enger Héicht vun 358 Meter, verleeft d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- a Meusebaseng

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Beschreiwung am Originaltext:

De gueules à la croix ancrée d'argent sumontée d'un lambel de cinq pendants d'azur, manteléd'un fascé d'argent et d'azur de huit pièces chargé en chef de deux portes de ville à trois tours de gueules.
D.C. 18. August 1982 - A.M. 29. November 1982 - Mémorial B 1982, Säit 944 - Projet: Marcel Lenertz 1982.

Buergermeeschteren[1]

[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Garnecher Leit

[änneren | Quelltext änneren]
D'Sportshal Elsi Jacobs zu Garnech

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Garnech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

  • Arno Schmidt, Abend mit Goldrand (1975): eng vun den Haaptpersounen aus dem Buch, d'Ann' Ev', ass vu Garnech.
  • A. Delvaux, J. Ewen, J. Lux, J. Malget,S. Pohs: "Fanfare Garnech 1919-1994, Festlechkeeten zum 75. Jubiläum"
  • Garnecher Musek, 100 Joer, 1919-2019: Garnech, Eng Gemeng, Eng Musek, Eng Geschicht, 2021, 700 S.
Commons: Garnech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun de Buergermeeschteren op der Internetsäit vun der Gemeng Garnech.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.
  4. Sonia Fischer-Fantini wird Bürgermeisterin, Luxemburger Wort, 12.07.2023 S. 16