Syndicat des eaux du Sud
Leedung | Tom Jungen |
---|---|
Verwaltungssëtz | Käerch |
Membergemengen | Beetebuerg, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Péiteng, Rëmeleng, Käerjeng, Dippech, Monnerech, Reckeng op der Mess, Suessem, Schëffleng, Diddeleng, Käerch, Mamer, Stengefort, Garnech, Bartreng, Keel |
Websäit | https://www.ses-eau.lu/ |
De Syndicat des eaux du Sud ofgekierzt SES ass e Gemengesyndikat am Süden an am Südweste vu Lëtzebuerg.
Dem Syndikat seng Missioun ass et fir d'Drénkwaasser fir seng affiliéiert Gemengen z'assuréieren an ze verdeelen. Den Haaptwaasserbaseng vum SES steet um Réibierg bei Héiweng an der Gemeng Garnech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Um Enn vum 19. Joerhonnert war d'Waasser vun de Baachen a Flëss, trotz enger nach zimmlech intakter Ëmwelt, dacks duerch Ofwaasser verschmotzt. Nieft dësem Qualitéitsproblem koum nach d'Entwécklung vun der Stolindustrie am Süde vum Land dobäi, duerch déi de Waasserbedarf séier staark an d'Luucht gaangen ass. Nodeems mam Gesetz vun 1900 de Grondstee fir d'Gemengesyndikater geluecht gi war, gouf 1904 eng Spezialkommissioun mat enger Etüd iwwer d'Fro vun der Aféierung vun enger interkommunaler Waasserleitung fir d'Kantonen Esch a Capellen beoptraagt. Responsabel fir déi Etüd waren de Louis Klein, Ingenieur an der Akerbauverwaltung, an den Distriktskommissär Pierre Braun. Déi Zwee hu véier Joer laang un enger Léisung geschafft an hu misse vill technesch, finanziell an administrativ Problemer aus dem Wee raumen.
De Syndikat gouf schliisslech 1908 ënnert dem Numm Kommunalverband für Wasserversorgung der Ortschaften der Kantone Capellen und Esch a.d. Alzette als éischten interkommunale Syndikat gegrënnt[1] a war och ënnert dem franséischen Numm Syndicat de communes pour l'établissement et l'exploitation d'une conduite d'eau intercommunale pour les cantons de Capellen et d'Esch-sur-Alzette bekannt.
Follgend eelef Gemenge ware bei der Grënnung Member vum Syndikat: Beetebuerg, Déifferdeng, Dippech, Esch-Uelzecht, Nidderkäerjeng[2], Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem[1].
Duerno koumen nach dës Gemenge bäi:
- de 7. Abrëll 1909: Diddeleng[3];
- den 3. August 1910: Käerch, Mamer, Stengefort[4];
- den 2. Mäerz 1911:Fréiseng, Leideleng, Réiser[5];
- den 23. Abrëll 1912: Garnech[6];
- den 3. Juli 1914: Kënzeg[2],[7];
- 1968: Bartreng[8];
- Keel[9].
- Déi fréier Gemeng Simmer an d'Gemeng Kielen déi vum SES mat Waasser beliwwert ginn, sinn net Member am Syndikat.
- Iwwer d'Grenz no Frankräich liwwert den SES Waasser un de Syndicat des eaux du Acker deen déi franséisch Gemengen Nidderrentgen, Iewrengen an Hoen regruppéiert.
Ëffentlecht Etablissement
[änneren | Quelltext änneren]De Syndikat gouf den 3. Januar 1967 ënnert dem Numm Syndicat des Eaux du Sud, gekierzt SES als ëffentlecht Etablissement gegrënnt an de 26. November 2019 am Handelsregëster ageschriwwen[10].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Geschicht vum SES (PDF)
- De Syndikat op der Websäit vum SYVICOL
- Websäit vum SES op (fr) an (de)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Arrêté grand-ducal du 8 juin 1908 portant création d'un syndicat de communes pour l'établissement et l'exploitation d'une conduite d'eau intercommunale pour les cantons de Capellen et d'Esch-sur-l'Alzette. legilux.public.lu (12.06.1908). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ 2,0 2,1 den 1.1.2012 hunn d'Gemenge Kënzeg an Nidderkäerjeng fusionéiert zur neier Gemeng Käerjeng
- ↑ Arrêté grand-ducal du 7 avril 1909 concernant l'adhésion de la commune de Dudelange au syndicat de communes pour la construction et l'exploitation d'une distribution d'eau intercommunale dans les cantons de Capellen et d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (17.04.1909). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 3 août 1910 concernant la construction et l'exploitation d'une distribution d'eau intercommunale dans les cantons de Capellen et d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (13.08.1910). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 2 mars 1911 concernant la construction et l'exploitation d'une distribution d'eau intercommunale dans les cantons de Capellen et d'Esch-sur-l'Alzette. legilux.public.lu (13.03.1911). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 23 avril 1912 concernant la construction et l'exploitation d'une distribution d'eau intercommunale dans les cantons de Capellen et d'Esch-sur-l'Alzette. legilux.public.lu (27.04.1912). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 3 juillet 1914 concernant le syndicat pour la distribution d'eau intercommunale dans les cantons de Capellen et d'Esch-s.-Alz. legilux.public.lu (09.07.1914). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Von 1930 bis 1945 - Erweiterung der Betriebsanlagen. www.ses-eau.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ Syndicat des Eaux du Sud. www.syvicol.lu/. Gekuckt de(n) 09.08.2020.
- ↑ (J104) Syndicat des Eaux du Sud. lbr.lu (26.11.2019). Gekuckt de(n) 09.08.2020.
Interkommunal Syndikater |
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW |