(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Geschlechtsorganer beim Mann – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Geschlechtsorganer beim Mann

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schnëtt duerch de klenge männleche Becken. Déi rout markéiert Deeler gehéieren net zu de Geschlechtsorganer

D'männlech Geschlechtsorganer gehéieren zum Reproduktiounssystem vum Mann a spillen eng Roll am Prozess vun der mënschlecher Reproduktioun. Dës Organer leien deels baussenzeg vum Kierper an deels bannen am Becken.

De männleche Genitaltrakt besteet aus follgenden Deeler:

Baussenzeg Geschlechtsorganer[1]

[änneren | Quelltext änneren]
  • Peenis, mat ë. a.:
    • Peeniswuerzel (Radix penis): proximaalt Enn vum Peenis
    • Peenisschaft (Corpus penis): besteet aus dem Harnrouer-Schwëllkierper (Corpus spongiosum penis) an den zwéin Eechel-Schwëllkierperen (Corpus cavernosum penis)
    • Eechel (Glans penis): distaalsten Deel vum Harnrouer-Schwëllkierper
    • Harnrouer (Urethra): transportéiert net just den Urin, mä och d'Ejakulat, a geet deemno och als Harn-Som-Rouer bezeechent
    • Viischt Haltebändchen (Ligamentum suspensorium penis): Bändche mat deem de Peenis um Becke verbonnen ass
  • Hodesak (Scrotum): dënnen, muskuläre Sak tëscht dem Peenis an dem Anus.

Bannenzeg Geschlechtsorganer[2]

[änneren | Quelltext änneren]
  • Hoden / Jick (Testes): eng Koppel Keimdrüsen, an deenen d'Spermie produzéiert ginn
  • Niewenhoden / Niewejick (Epididymis): länglech Organer, déi dorsal op den Hode leien. Se bestinn aus dem Kappdeel (Caput epididymidis), dem Kierper (Corpus epididymidis) an dem Schwanzdeel (Cauda epididymidis)
  • Somstrang (Funiculus spermaticus): e Bëndel vu Gefäässer, Nerven a Muskelen, deen duerch de Leeschtekanal leeft an d'Hode mat der Bauchhiel verbënnt, mat ë. a.:
    • Somrouer (Vas deferens / Ductus deferens): en ongeféier 40 cm laange Réierchen, deen d'Spermie vun den Niewenhoden an den Harnrouer (Urethra) transportéiert
  • Sprëtzkanal (Ductus ejaculatorius): Koppel vun zwéi ganz kuerze Kanäl, am ënneschten Deel vun der Prostatt. Wärend der Ejakulatioun lafen d'Spermien duerch dëse Kanal an den Harnrouer
  • Zousazgeschlechtsdrüsen:
    • Prostatt (Prostata): hir Haaptfunktioun ass d'Produktioun vum sauere Prostattesekreet. Zesumme mat de Sekreeter aus der Bléischendrüs, der Cowper-Drüs an de Spermien aus den Hoden, billt d'Prostattesekreet de Sperma
    • Bléischendrüs (Vesicula seminalis): se läit nieft der Prostatt, op der Récksäit vun der Harnblos (Vesica urinaria) a produzéiert en alkalescht, fruktoseräicht Sekreet, dat ronn 70 % vum Sperma ausmécht an eng wichteg Roll fir d'Fruchtbarkeet an d'Motilitéit vun de Spermie spillt
    • Cowper-Drüs (Glandula bulbourethralis): eng Koppel Drüsen déi an de Beckebuedemmuskelen leien an hiert alkalescht Sekreet direkt an den Harnrouer leeden.
Commons: Geschlechtsorganer beim Mann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)Männliche Geschlechtsorgane. Kenhub. Gekuckt de(n) 20.04.2024.
  2. (de)Männliche Geschlechtsorgane. Kenhub. Gekuckt de(n) 20.04.2024.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter