macOS
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Mac OS X)
macOS, fréier Mac OS X an duerno OS X, ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Apple. Déi éischt Versioun vu macOS koum den 13. September 2000 op de Maart mam Numm Mac OS X public beta.
macOS ass den Nofollger vun OPENSTEP an déi technesch Weiderentwécklung vu Mac OS 9. E baséiert op UNIX, mat engem Open Source Kernel aus Mach-Kernel an Darwin.
Enger Etüd no waren um Ufank vum Joer 2010 an Europa an der Moyenne fënnef Prozent vun de Computeren, déi an den Internet gaange sinn, ënner OS X Intel gelaf. Lëtzebuerg huet dobäi, mat 10,4 %, déi éischt Plaz beluecht.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: MacOS – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Apple in Luxemburg auf dem Vormarsch." wort.lu, 24.05.2010 13:11.