Pistasch
Pistacia vera, Zort 'Kerman' mat zeidege Steefriichten | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Uerdnung | Sapindales |
Famill | Anacardiaceae |
Gattung | Pistacia |
Aart | Pistasch |
Wëssenschaftlechen Numm | |
''Pistacia vera'' | |
Carl von Linné | |
D'Pistasch ass d'Steefruucht vum Pistaschebam (Pistacia vera), aus der Famill vun den Anacardiacea.
Et ass dëst e Lafbam, dee bis zu 12 m héich a bis zu 300 Joer al gëtt. Seng Wuerzele kënne bis 15 m déif erofgoen. D'Käre sinn oval an hunn eng dënn, haart Schuel; de Som vun der Pistasch huet eng brongelzeg Haut an en hellgréngt Bannescht (d'Keimblieder). De Som gëtt an engem zweejäregen Turnus rekoltéiert. Pistaschebeem hunn entweeder nëmme männlech oder nëmme weiblech Bléien.
Vun de Mastix-Pistaschebeem gëtt am Juni d'Haarz gewonnen an als Wierzmëttel, Pech oder Reezmëttel gebraucht.
Déi bedeitendst Géigenden, wou Pistaschen ugeplanzt ginn, sinn den Iran, d'USA an d'Tierkei (Gaziantep).
D'Pistaschekäre ginn am Hierscht gepléckt. Déi baussenzeg Haut gëtt ewechgespullt, da gëtt de Kär gedréchent a weiderverschafft (z. B. gëtt dat Bannenzegt gemuelen, oder d'Käre gi geréischtert a gesalzt).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pistacia vera – Biller, Videoen oder Audiodateien |