(Translated by https://www.hiragana.jp/)
Spica (Stär) – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Spica (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Spica)
Kaart vum Stärebild Virgo (Jongfra). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

De Spica (lat. "Kar,Kuer") ass de Stär αあるふぁ Virginis, den hellste Stär am Stärebild Jongfra. Aner Nimm sinn: Azimech, Alaraph.

De Spica ass e Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vu 4,0142 Deeg tëscht + 0,92 mag a + 0,98 mag. Déi kleng Hellegkeetsvariatioun ass visuell praktesch net feststellbar.

De Spica kann als ekliptiknoe Stär, vum Äerdmound, a ganz rar, vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Spica duerch e Planéit war den 10. November 1783 duerch d'Venus, déi nächst kënnt den 2. September 2197 erëm duerch d'Venus.[1].

Portal Astronomie