Anagramm
Ausgesinn
![](https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/87/Anagram_animation_-_Stad_L%C3%ABtzebuerg_%3D_Buergadel_s%C3%ABtzt.gif/220px-Anagram_animation_-_Stad_L%C3%ABtzebuerg_%3D_Buergadel_s%C3%ABtzt.gif)
En Anagramm, (aus dem Griicheschen anagraphein = "ëmschreiwen") ass eng rhetoresch Figur bei där e Wuert oder e Saz duerch eng Ëmstellung (Permutatioun) vu senge Buschtawen sou verschlësselt gëtt, datt sech doraus en neie Sënn ergëtt.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Am Franséischen
[änneren | Quelltext änneren]- merci → crime
- patricien → anticiper
- Révolution française → Un véto corse la finira
Am Däitschen
[änneren | Quelltext änneren]- Altenheim → Teilnahme
Am Lëtzebuergeschen
[änneren | Quelltext änneren]- Stad Lëtzebuerg → Buergadel sëtzt
Nimm
[änneren | Quelltext änneren]- Dem däitsche Schrëftsteller säi Pseudonym Carl Amery ass en Anagramm vu sengem Familljennumm Mayer.
- Der franséischer Schrëftstellerin Marguerite de Crayencour hire Pseudonym Marguerite Yourcenar (dësen Anagramm ass bësse forcéiert).
- François Rabelais => Alcofribas Nasier.
- Arouet de Voltaire <= François-Marie Arouet, deem seng Famill vun Airvault hierkoum. Eng méi bekannt Erklärung: Anagramm vun AROVET L. I. (= Arouet l. j., fir Arouet le jeune).
- Paul Verlaine => "pauvre Lélian".